arrow_back_ios
Aktuelles
D'FrëschKëscht op der europäescher Finall
D'Mini-Entreprise FrëschKëscht huet den éischte Präis beim Concours vun de jonken Entrepreneure gewonnen. An enger Këscht bidde si lokal Liewensmëttel un, déi si bis bei d'Dier vun de Cliente liwweren. Elo vertrieden déi siwe Membere vun der Mini-Entreprise Lëtzebuerg bei der europäescher Finall. Nieft dem Juryspräis gëtt et do och Publikumspräis ze gewannen an ënner dësem Link kënnt Dir fir d'Ekipp vun der FrëschKëscht stëmmen: http://www.jacompanyoftheyear.org/voting-page/