arrow_back_ios
Aktuelles
Wou ass d'Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus drun?
D'Sich no engem Impfstoff géint den neiaartege Coronavirus leeft weltwäit op Héichtouren. Den Dr. Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine rechent domat, datt éischt Resultater iwwer d'Wierksamkeet vu méiglechen Impfstoff-Kandidaten schonn an dräi oder véier Méint kéinte virleien. Wéi séier d'Produktioun dann nokënnt, sollt et zu enger éischter Impfstoff-Zouloossung kommen, wier nach schwéier virauszegesinn. Detailer vum Rahel Könen.