Europa Aktuell
Europaparlament ass net begeeschtert vum Finanzpak
5 min
Duerchbroch gëschter: d'EU-Staats- a Regierungscheffen si sech no deeglaange Verhandlungen eens ginn iwwer dee gréisste Finanzpak, deen et bis elo an der EU gouf. Dozou gehéiert och den EU-Budget.
Am Europaparlament fält d'Reaktioun iwwer deen Accord allerdéngs ganz gemëscht aus. D'Parlament muss Jo soen zum Budget, fir datt e kann a Kraaft trieden. An et ass nach net sécher, ob sech beim Vott muer eng Majoritéit dohannert stellt.
D'Danièle Weber huet bei e puer Lëtzebuerger Europadeputéiert de Bols gefillt.