Aktuelles
Burn-out parental
Den Eltere-Burnout ass méi heefeg, wéi ee mengt.
Vill Elteren, op eleng Erzéiend oder zu zwee, sinn oder fille sech iwwerfuerdert mam Alldagstress doheem mat de Kanner. Si wësse sech net ze hëllefen a geroden duerch den Drock an och duerch d'Angscht virum Versoen als gutt Elteren ëmmer méi an en Däiwelskrees.
Elo a Corona-Pandemie-Zäiten huet sech bei enger Rei Leit d'Situatioun zougespëtzt. Well vill Famillen doheem permanent zesumme waren, huet den Alldagsstress zougeholl.
Tania Hemmer ass Educatrice graduée an der Eltereschoul vum Kannerschlass an huet vill Elteren erlieft, déi komplett midd an iwwerfuerdert waren. Elo am Summer an am Hierscht proposéiert si e Workshop fir Elteren, déi an esou eng Situatioun gerode sinn. Si wëllt preventiv schaffe mam Workshop, deen iwwerschriwwen ass: Comprendre le Burn-Out parental.
Detailer op https://www.kannerschlass.lu