Aktuelles
Neit Covid-19-Gesetz gestëmmt - Schaarf Kriticke vun der Oppositioun
Dat neit Covid-19-Gesetz gouf gëschter an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. CSV an ADR hunn dogéint gestëmmt, déi Lénk an d'Piratepartei hu sech enthalen.
Den neien Text, dee bis Enn September soll gëllen, féiert nei sanitär Mesuren am Kampf géint d'Corona-Pandemie an: nei Restriktiounen, mee och gewëssen Ouverturen.
De Serge Kesseler huet d'Chamberdebatt gëschter Mëtteg suivéiert: eng Debatt, an där et zum Deel héich hier gaangen ass.