arrow_back_ios
Aktuelles
Reform vun ëffentlech-rechtleche Medien kënnt méi no
D'Chamber huet gëscht eng Motioun ugeholl, fir de gesetzleche Kader vum 100,7 unzepassen. Am Hierscht wëll de Premier a Medienminister Xavier Bettel eng konkret Propose an der Mediekommissioun firleeën. D'Chamber fuerdert, datt d'Gesetz fir den Etablissement public de radiodiffusion socio-culturelle, also dëse Radio, méi kloer gefaasst gëtt, wat den Optrag an d'Missiounen ugeet an d'Gouvernance verbessert gëtt. Si wëll och méi laangfristeg Finanzéierungskonventiounen fir den 100,7 an d'Télé vun RTL, déi en ëffentlechen Optrag huet.