Aktuelles
Gaart an Heem : Am Kielener Schoulgaart
Virun e puer Jorzéngten nach, hat bal Jiddereen saïn eegene Gaart an huet sech d'ganzt Joer iwwer mat sengem eegene Geméis an och Uebst versuergt. Duerch vill verschidden Ursaachen, sinn et haut nach di Wéinegst, di en eegene Geméisgaart uleeën. Domadder riskéiert dat ganzt Wëssen, wat während Joerhonnerten vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe gouf, verluer ze ginn.
Mat engem Schoulgaart soll probéiert ginn, op mannst e bëssen vun deem Wëssen un d'Kanner virun ze reechen. Och sollen d'Kanner d 'Freed vun der Rekolte erliewen, an op de gudde Goût vum selwer gezillten Geméis an Uebst kommen.
An enger ganzer Rëtsch Gemengen gëtt et mëttlerweil esou ee Schoulgaart an zum Deel sinn et déi lokal Gaart- an Heem Sektiounen di sech där Saach ugeholl hunn an d'Schoulklassen do empfänken, esou z.B gëtt de Kielener Schoulgaart vun der Sektioun Kielen/Ollem betreit, aus där Sektioun ass de Jöel Adam haut Invité beim Angie Maquil