Radioen

On air

Mëttesrascht  |  European Outdoor Film Tour

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Zwou Lëtzebuerger Dageszeitungen thematiséieren den Aviatiounssecteur haut grouss op hiren éischte Säiten: "Angst um Arbeitsplätze", esou d'Schlagzeil vum Lëtzebuerger Wort. An "Anleitung zum Durchstarten", dat ass den Titel, deen de Lëtzebuerger Journal gewielt huet, am Virfeld vun der sektorieller Tripartite vun haut.

D'Loftfaart-Branche géif an enger déiwer Kris stiechen, esou de Journal. Déi sektoriell Tripartite vun haut, soll de Wee aus den Turbulenze festleeën. D'Normaliséierung wäert Joren daueren.

Schwéier erwëscht hätt et och de Grupp Luxair: dem Lëtzebuerger Journal no, wier eng nei Strategie fir d'Gesellschaft néideg.

Dem Lëtzebuerger Wort no, géif wéineg geflu ginn, vill Fligere stéingen u Buedem. An dësen Zoustand kéint nach laang daueren.

E Sozialplang hätt bis elo nach keng vun den dräi Gesellschafte Luxair, Cargolux a Luxairport ugekënnegt, an dat soll och esou bleiwen. Wann néideg, misst de Staat intervenéieren, esou gëtt d'OGBL-Vertriederin Michelle Cloos am Wort zitéiert. Et misst alles gemaach gi, fir datt et keng sozial Kris am Loftfaart-Secteur gëtt, seet d'Gewerkschaftlerin.

Episoden

Editioun 08h15

Duerchfale verbueden, wou den ADR-Patriotismus ophält a Kläpp am Basketball, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 7h15

Duerchfale verbueden, wou den ADR-Patriotismus ophält a Kläpp am Basketball, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Trotz der Wanteraktioun ginn et nach Sans-Abrisen, déi an der Keelt op der Strooss schlofen, engersäits well keng Plaz méi an der Wanteraktioun ass an awer och well do d'Reegele geännert goufen.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Ass de Sozialdialog nach ze retten? Do sinn d'Zeitungs-Commentateuren sech net sou sécher an doru géif och d'Reunioun vun haut tëscht dem Premier an de Gewerkschaftspresidente vun OGBL an LCGB änneren
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Caritas-Spezialkommissioun wier eng Farce, heescht et haut an der Press, donieft sinn dem Nationale Fraerot seng Fuerderungen en Theema, grad wéi d'Jugendpsychiatrie, déi komplett iwwerlaf ass.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser hätt mam Interview, deen hien enger russescher Zeitung ginn huet, u sech net strofbar gemaach, mee hien hätt deen Interview net dierfen op Facebook posten, dat wier verbueden.
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Presse

D'Opreegung am Escher Lycée Hubert Clement geet weider. D'Virwërf ginn haut vun den Zeitungen thematiséiert
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

E Satelitt, deen d’Uni Lëtzebuerg an den Weltall schéisse wëll, eng Zivil-Schutz-Unitéit, déi hei zu Lëtzebuerg entsoe soll an Hightech-Spillplazen mat engem Hoken, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

E Satelitt, deen d’Uni Lëtzebuerg an den Weltall schéisse wëll, eng Zivil-Schutz-Unitéit, déi hei zu Lëtzebuerg entsoe soll an Hightech-Spillplazen mat engem Hoken, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Panikattacken, ADR-Streidereien an ze wéineg Ressourcen fir d'Justiz, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Panikattacken, ADR-Streidereien an ze wéineg Ressourcen fir d'Justiz, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Op der Stater Gare wier sech eng Biergermiliz amgaang ze forméieren, d'Awunner wieren es esou midd, datt si hir Situatioun selwer wéilten an de Grapp huelen, de Bierger-Collectif ass net begeeschtert, kann d'Leit awer verstoen.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

An der Affär CASA ginn et haut an der Press nei Uschëllegungen, et geet, ënner anerem, vun enger Komplizitéit mat der ADEM an der Politik rieds.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Zu Esch muss de PAG wéinst engem Urteel a Saachen Denkmalschutz geännert ginn, an d'Geschäftsleit zéien en éischte positiven Tëschebilan vun de Wantersolden.
headphones

8 min

play_arrow

Editioun 7h15

Lëtzebuerg huet en neie Minister, de Claude McMeisch, och no zéng Joer gläichgeschlechtlechem Mariage ginn et nach ëmmer Virurteeler, an d'Maulkuerf-Klausel am Kontrakt tëschent der Stad Lëtzebuerg an HUT
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

En hollänneschen Expert mengt, datt zu Lëtzebuerg deemnächst d'Vëloe wäerten explodéieren, d'CFL kritt nei Zich, an de Boom vun der "Zero-Waste-Branche" ass zesummegebrach.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De verschäerfte "Platzverweis" an déi däitsch Grenzkontrolle sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

D'Leitartikelen an den Zeitunge maachen een Ausbléck op d'Joer 2025 op dësem éischte Weekend vum Joer.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng Sendung aus dem Prisong, Sonndesaarbecht fir Staatsbeamten an de Bilan vun der Uni Lëtzebuerg, dat sinn d'Theemen haut an der Pesserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Eng Sendung aus dem Prisong, Sonndesaarbecht fir Staatsbeamten an de Bilan vun der Uni Lëtzebuerg, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow