arrow_back_ios
Aktuelles
Luxeosys - Méikäschten net just esou héich ewéi gefart
Den Äerdobservatiounssatellit Luxeosys soll dene lëschte Berechnungen no, maximal Méikëschten vun 139 Milliounen Euro mat sech bréngen. Dat ass net juste sou vill, wéi gefart. De Projet de loi fir d'Budgetsrallonge, déi de Verdeedegungsminister François Bausch Uganks des Joers déposéiert hat, goung vun 140 bis 180 Milliounen Euro aus - zousätzlech zu den 170 Milliounen Euro déi de Projet ursprünglech sollt kaschten.