arrow_back_ios
Aktuelles
Schoulrentrée: "Et wäerte sécherlech weider Hygiènesmesure ginn"
Wat bedeit déi zweet Well u Corona-Infektioune fir déi nächst Schoulrentrée zu Lëtzebuerg? Déi Fro stelle sech den Ament Schüler, Elteren an och Enseignangten. Den Educatiounsministère seet op Nofro hin, et géifen am September mat Sécherheet nach Hygiènesmesuren an de Schoule ginn. Wéi eng genee ass nach net decidéiert. Zesumme mat de Fuerscher vun der Covid-Task Force soll d'Situatioun déi nächst Woche weider ënnersicht gi fir cibléiert Mesuren en place ze setzen. E Bäitrag vum Jean-Claude Franck