Aktuelles
5G-Frequenzen ginn versteet
Dës Woch geet d'Stee fir 5G-Frequenzen lass, déi vum ILR, dem Institut luxembourgeois de régulation, organiséiert gëtt. Et ass eng Première zu Lëtzebuerg. Bis elo war dat net néideg, well ni méi Demande wéi Offer do war. Den ILR rechent domat, datt Stee bis Ënn des Mounts eriwwer ass. Bei dëser Stee ginn zwou vun den dräi Frequenzen versteet, déi herno den 5G-Reseau ausmaachen, si ginn zu ënnerschiddleche Präisser versteet an well et e Mindestpräis gëtt ass an dësem Tour mat Recetten vun op mannst mat Recetten vun 26,7 Milliounen Euro ze rechnen, déi iwwer 15 Joër bezuelt ginn.