Aktuelles
Angscht an Zäite vu Corona
Eraus aus dem Denken - Eran an d' Fillen, an d'Bewosstsinn. Energie Tanken an Zäite vu Corona. Mat engem intressante Workshop wëll d'Achtsamkeetstrainerin Laurette Bergamelli de Leit hëllefen hier Ängschte besser ze géréieren. 3 x Online an 1 x Bësch gëtt de Workshop organiséiert ( tëscht dem 21. Juli an dem 4. August 2020). Mat geziilten Übungen probéiert d' Psychologin Laurette Bergamelli de Leit d' Angscht virum negativen Denken oder de negative Gedanken ze huelen. Angscht ass näischt Schlëmmes mir musse just léieren dermat ëm ze goen
http://www.ewb.lu