arrow_back_ios
Aktuelles
Trifo' Apéro - Cocktaile mat Live Musek am Trifolion
Ob Klassik, Jazz oder DJ Beats, beim Trifo' Apéro ass fir all Museksgoût eppes dobäi. De frësch gebackenen Direkter vum Trifolion, Maxime Bender, proposéiert all Freides Owes, ab 17 Auer, eng gemittlech Feierowendatmosphär mat Lëtzebuerger an internationale Museker. Opgepasst, den Entrée ass gratis, ma wéinst de Covid-19-Mesure ginn et just begrenzte Plazen.