arrow_back_ios
Commentaire
Fir d'Schoulréussite vun de Kanner muss eng Schëpp bäigeluecht ginn !
Gläich ass en aussergewéinlecht a mouvementéiert Schouljoer eriwwer. D'Fro, wéi eng Schüler den erfuerderte schoulesche Niwo erreechen a wéi eng net, respektiv wéi eng Retarde net méi kënnen opgeholl ginn, beweegen d'Elteren an d'Schoulpersonal gläichermoossen. Wéi gi mer ëm mat de Repercussiounen, déi di vill verschidde Schoulorganisatiounsforme vun de leschte 4 Méint op d'schoulesch Resultater vun eise Schüler haten?