arrow_back_ios
Aktuelles
Personal am Gesondheetswiesen: grouss Ofhängegkeet vum Ausland
Fir d'Gesondheetswiese soll méi Personal hei am Land ausgebilt ginn: dat war eng Feststellung vu ville Riedner gëschter an der Chamber.
Sujet war eng Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Marc Spautz, an där et ënnert anerem ëm d'Personal-Entwécklung am Santés-Secteur gaangen ass: eng Interpellatioun, déi scho Mëtt Januar, also scho virun der Corona-Pandemie ugefrot gi war.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.