Aktuelles
Den OAI vergëtt de Bauhärepräis 2020
4 min
Et sinn d'Baufraen an Hären hei am Land déi decidéieren, wat op eidel Terraine stoe kënnt, op ofgerappt gëtt oder Patrimoine erhale gëtt a wéi eng innovativ Technologien oder Konzepter et an eist Gebaier packen. Mee et sinn och si oder hie wou de Budget mussen opbréngen an mat deem musse schaffen. Bei de Quadratmeter Präisser zu Lëtzebuerg ass dat sécher keng einfach Tâche.
"Effektiv war dat eng Diskussioun de Moie well mer eng spezifesch Situatioun hei zu Lëtzebuerg hunn, wou mer net genuch Terraine fir déi privat Léit hunn. An fir eis, fir de Jury war dat e Critère fir verschidde Projeten ze weisen, déi eng Optimisatioun vun der Bauplaz ausgenotzt hunn, sief et am Kollektiven oder am Privaten." - Semirai Ahmedova, Presidentin vun der Jury