arrow_back_ios
Aktuelles
D'Geschicht vun der Abtei Neimënster
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter dem 1. Mee publizéiert den Neimënster op senge soziale Medien all Woch e klenge Comic-Strip, deen d'Geschicht vun der Abtei weist. Ugefaangen huet et beim Bau vum Klouschter am Joer 1083, Schlusspunkt vun der Erzielung soll d'Joer 1985 sinn. Entstanen ass déi Initiativ, well een och a Corona-Zäite Kultur ubidde wollt. De Pit Walté huet sech mam Kënschtler hanner dëse Biller, dem Antoine Grimée, ënnerhalen.