arrow_back_ios
Aktuelles
Roserei an Aggressiounen a Pandemie-Zäiten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De wochelaange Confinement wéinst der Corona-Kris huet villes geännert. Et huet een doheem geschafft, mat senger Famill op enkem Raum gelieft, an et gouf vill Onsécherheet, wéi et an Zukunft weidergeet. A ville Fäll huet dat och psychologesch Konsequenze mat sech bruecht. Am rezent publizéierte Buch "COVID-19 - Ein Virus nimmt Einfluss auf unsere Psyche" geet et ënner anerem ëm Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun. De Pit Walté huet sech iwwer dat Kapitel informéiert.