Aktuelles
Lockerunge vu Corona-Reegelen am Saarland
6 min
An eiser däitscher Nopesch-Regioun Saarland ginn et zanter e Méindeg eng Rei Lockerunge betreffend de Corona-Reegelen: Beispillsweis gouf d'Maskeflicht bannent Restaurant a Caféë vun der Landesregierung opgehuewen an d'Ëffnungszäite goufen ëm eng Stonn verlängert.
D'Carolin Dylla, Politik-Reporterin beim Saarlännesche Rundfunk, sot dem Rahel Könen, datt dës Decisioun virun allem op déi niddereg Infektiounszuelen zeréckzeféiere wier: Bannent de leschten zwou Wochen hätt et - vun engem Dag op deen nächsten - héchstens dräi confirméiert nei Infektioune ginn.