arrow_back_ios
Aktuelles
Corona-Kris: Eng Léier fir d'Mënschheet?
Eng Léier déi d'Mënschen aus der Coronavirus-Kris gezunn hunn ass et "virsiichteg" ze sinn. Där Meenung ass den Prof. Dr. Mouez Khalfaoui, dee sech op der Uni Tübingen ënner anerem mat der Roll vun de Minoritéiten an Europa an dem interreliéisen Dialog ausenanersetzt. Den Ament ass hien op der Luxembourg School of Religion and Society op Besuch. D'Maxi Pesch huet mam Mouez Khalfaoui iwwer den Impakt vun der Corona-Kris op d'Minoritéiten an d'Reliounsgemeinschafte geschwat.