arrow_back_ios
Aktuelles
Wat maache bei grousser Hëtzt?
Mol ass et ze kal, mol reent et ze vill, awer dann, wann et waarm ass, mat Temperaturen déi déisäits den 30 Grad sinn, ass et och net ëmmer schéin. An där héijer Temperature solle mer jo an den nächsten Deeg kréien. Da fänke mer un ze keimen, fir wat muss Wierder hei och ëmmer esou en Op an Of sinn. Dat hält dat beschte Päerd net aus. Mee déi Fro, déi ee sech awer stelle soll a virun allem muss, ass, wat een alles maache muss, wann et esou gliddeg-waarm Deeg sinn. Doriwwer huet de Jean Claude Majerus sech Gedanke gemaach.