Aktuelles
1000 Tücher gegen das Vergessen, 1000 Handkerchiefs to never forget
Et si just Erënnerungen, déi de Famillje bleiwen un hir Verstuerwen, déi am Laf vun de Kricher am fréiere Jugoslawien ëm d'Liewe koumen.
D'Expo "1000 Tücher gegen das Vergessen" weist déi Erënnerungen, mat 1.000 klenge Nuesschnappecher, wou den Numm, Gebuerts- an Doudesdatum awer och aner Saachen, déi de Verstuerwene gären hat, drop gebitzt oder gestéckt sinn, seng Liblinsgfaarwen, seng léifste Blumm oder säi léifsten Déier, oder dat, wat ee mam Verstuerwen verbonnen huet.
D'Wanderausstellung "1000 Tücher gegen das Vergessen" ass nach bis de 26. Juni an der Tufa zu Tréier ze gesinn. D'Angie Maquil war se kucken.