arrow_back_ios
Aktuelles
Weltyogadag a Yogafestival de Sonndeg 21. Juni - Deel 2
Fir dee richtege Yoga Cours ze fannen, d'Offer ass jo grouss, spillen e puer Saache mat. Wat sicht een, wat brauch een? Gefält mer den Teacher a wéi wierkt seng Stëmm op mech.
Eng Méiglechkeet fir erauszefannen, wéi eng Yoga Coursen et ginn, ass um Weltyogadag deelzehuelen. En ass dëse Sonndeg, 21. Juni 2020. Hei zu Lëtzebuerg organiséiert d'Fédération Nationale des Ecoles Luxembourgeoises de Yoga dësen Dag, deen dëst Joer wéinst Corona net live, mee online ofgehale gëtt.