arrow_back_ios
Aktuelles
Sozialdialog an Zäite vun der Corona-Kris
Fir e Freideg a 14 Deeg kéint d'Regierung d'Vertrieder vum Patronat a vun de Gewerkschafte fir déi ugekënnegt national Tripartite invitéieren. Den Aarbechtsminister a Vize-Premier Dan Kersch huet gëschter an der Chamber den 3. Juli als méiglechen Datum fir dës gemeinsam Reunioun mat de Sozialpartner genannt. Detailer Serge Kesseler.