arrow_back_ios
Aktuelles
Spannunge wéinst Offallverwäertung vu Covid-19-Schutz-Material
Zanter zwee Méint gi ronn dräi Tonne medezineschen Offall pro Woch an der Verbrennungsanlag vum SIDOR verbrannt. D'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek hat rezent gemellt, datt de SIDOR am Ufank vum Etat de crise wéinst der Corona-Pandemie dozou gedrängt gi wier, dës Offäll unzehuelen, obwuel de Syndikat deen Ament nach net déi néideg Autorisatioun hat. Mëttlerweil huet sech d'Situatioun tëschent de Betraffene gekläert, heescht et op Nofro hin. D'Rahel Könen mat den Detailer.