arrow_back_ios
Aktuelles
Bongen an der Gemeng Réiser
Déi noutwendeg Mesuren, déi vun der Regierung geholl goufe fir d'Lutte géint d'Corona-Kris, hunn een direkten Impakt op Commercen. D'Annulatioun vun Evenementer, genee wéi d'Zoumaache vu Geschäfter a Restauranten, hunn negativ Repercussiounen op dat ekonomescht Liewen. Als Zeeche vu Solidaritéit géintiwwer de lokale Geschäftsleit huet d'Gemeng Réiser sech eng Aktioun ausgeduecht. D'Natascha Ehrmann mat Detailer.