Aktuelles
Séier Autoen a vun Zil zu Zil - Deel 2
D'Topdräi um Enn vum Championnat vun dëser Saison a spéider "Wierksfuerer" ze ginn, ass dem jonke Sportzaldot säi Bléck op d'Zukunft. D'Virbiller vum Dylan Pereira sinn de verstuerwene Formel 1 Pilot Ayrton Senna an de Lewis Hamilton.
Net den Auto, mee de Chauffer mécht alles aus bei eise Coursen, seet den Dylan Pereira, deen zanter datt hie véier Joer al ass, begeeschter ass vu séieren Autoen an Courssen. Zanter e puer Joer ass de jonke Pilot am Rennsport dann och professionell ënnerwee.
Wann d'Rennpisten zou si wéi elo am Confinement, gëtt awer geüübt um sougenannten Virtuel Reality Simulator, kuerz SIM. En Training, deen dem Dylan Pereira fir seng eege Courssen ze gutt koum.
Iwwer seng kleng Ziler, déi all un ee grousst Zil feiere sollen, huet de Sportzaldot dem Angie Maqul bei engem gemittleche Spadséiergang verzielt. (1. Deel 12.6.)