arrow_back_ios
Aktuelles
D'Spillplaze ginn op an et dierfe sech nees 20 Leit begéinen
Vu gëschter Owend u kënne sech nees bis zu 20 Leit am private wéi am ëffentleche Raum treffen, ouni legal Restriktiounen. Dat gëllt souwuel banne wéi baussen. Esou d'Annonce gëschter nom Regierungsrot vum Premier Xavier Bettel. Hie géif awer en Appell un d'Eegeverantwortung maachen, d'Gestes barrières anzehalen. Annoncéiert gouf dann och eng Ouverture vun de Spillplazen a nei Reegelen am Horesca-Secteur. Detailer vum Stephan Polet.