Aktuelles
Eng nei Realitéit fir Schüler an Enseignanten
Zanter e puer Woche gouf den Homeschooling nees gréisstendeels duerch de Klassesall ersat. Den Aarbechtsopwand fir den Deconfinement vun de Schoulen ze assuréiere wier grouss gewiescht, an déi Betraffen hu sech op hiren neie Schoulalldag missen ëmstellen: D'Klasse goufe gespléckt, strikt Sécherheetsmesurë musse vu Schüler an Enseignanten agehale ginn, an de Schoulprogramm geet an engem zwou-Wochen-Takt virun.
Wéi ass den Deconfinement an de Schoule bis elo verlaf? A wat erhoffe sech déi Betraffe vun de leschte Woche viru Schoulschluss? D'Rahel Könen huet bei dräi Enseignanten nogefrot.