Aktuelles
Moria - Temoignage aus engem Flüchtlingslager ouni Gesetzer
De Yaser ass 16 Joer al a lieft zanter sechs Méint am Flüchtlingscamp zu Moria op der griichescher Insel Lesbos. Moria gëllt als eent vun de geféierlechsten Flüchtlingscampen zanter e puer Méint. D'Lara Bousch huet hie gefrot, wéi d'Konditiounen am Camp sinn:
"Si kënnen d'Lager net kontrolléieren, also musse si Leit aus dem Lager eraushuelen. Wa si keng Leit eraushuelen, kéinte si d'Lager wéinstens zu enger besserer Plaz maachen. Also sech géint Kämpf stellen, si kéinten et reegelen. Maacht einfach iergendeppes, maacht et just eng besser Plaz." - Yaser (16 Joer al, Flüchtling zu Moria)