arrow_back_ios
Aktuelles
Wiederbilan vun der ASTA
D'Fréijoer 2020 war 1,1 Grad méi waarm wéi d'Referenzperiod an och signifikant méi dreschen. Dat geet aus engem Rapport vun der ASTA ervir, der Administration des services techniques de l'agriculture. Dat huet negativ Konsequenze fir d'Landwirtschaft, well d'Fréijoer eng wichteg Saison ass an där vill Planze wuessen an dowéinst och vill Waasser brauchen. De Pit Walté huet sech mam Chef vum Service météorologique vun der ASTA doriwwer ënnerhalen.