arrow_back_ios
Aktuelles
Ouni Beachbubbles, mee mat gesondem Mënscheverstand
An der Belsch fänkt haut déi 3. Phas vum Deconfinement un. Den Horeca-Secteur dierf nees ufänke mat schaffen, kulturell a Sportsevenementer dierfen, ouni Publikum, nees ofgehale ginn. Vum nächste Méindeg u sinn och nees d'Grenze vum Land komplett op, och fir den Tourismus. D'Lëtzebuerger fuere gären an dacks op d'Belsch Côte. Eng vun de beléiftste Plazen ass Knokke. D'Gemeng preparéiert sech den Ament op eng ganz ongewéinlech Touristesaison. Wéi ee sech do op d'Vakanzesaison preparéiert, huet d'Paule Rodesch nogefrot.