arrow_back_ios
Aktuelles
D'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall
Duerch d'Covid-19-Kris konnten déi Evenementer, déi am Kader vun der Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall geplangt waren, net ënner normaler Form stattfannen. Duerfir gi Videoen op Facebook a YouTube ugebueden an e Léierpad fir Kanner gouf ausgeschafft. Donieft huet de Natur- & Geopark Mëllerdall ugekënnegt, eng zweete Kéier fir den UNESCO-Global-Geopark-Label ze kandidéieren. Déi éischt Kandidatur am Joer 2017 war nach ofgeleeënt ginn.