arrow_back_ios
Aktuelles
"Et ass e Gefill vun Normalitéit"
Zanter gëschter dierfe Restauranten a Caféen nees Clienten op hiren Terrassen ëmfänken. Vu muer u kënne Leit dann och erëm vu Bannen zerwéiert ginn. Fir déi sanitär Sécherheet ze garantéieren, mussen d'Betriber annerhallwe Meter Ofstand tëschent den Dëscher anhalen, an et dierfe just véier Leit un engem Dësch setzen, wa si net zesumme wunnen. D'Sécherheetsmesuren hunn d'Leit awer gëschter net ofgeschreckt, an d'Stater Terrasse waren um éischten Dag vun der Reouverture gutt gefëllt. D'Rahel Könen war op der Plaz.