arrow_back_ios
Aktuelles
Schaarf Kritik vu Claude Wiseler un Etienne Schneider
Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, fréier selwer Minister, mengt den Etienne Schneider hätt de Projet séier virun de Walen 2018 duerchgedréckt, fir sech an d'Vitrinn ze stellen. Dat géif de Steierzueler haut 180 Milliounen Euro kaschten. Dat sot de Claude Wiseler an engem Interview, nodeems den aktuelle Verteidegungsminister François Bausch e Méindeg an der Budgetskontrollkommissioun gesot hat, wat hien a PWC bis elo iwwer de Werdegang vum Projet Luxeosys erausfonnt hunn. Hannergrënn vum Michèle Sinner.