Aktuelles
Webinar vun der Schengen Peace Foundation
D'Schengen Peace Foundation promovéiert Fridden, Toleranz a Versteesdemech mat der Organisatioun vun Diskussiounsronnen, Publikatiounen, Ausstellungen an nach villes méi. Hir alljärlechen Luxembourg-Peace-Prize-Zeremonie gouf wéinst dem Covid-19 op 2021 verluecht, mee amplaz organiséiert d'Fondatioun e Webinar mat aktuellen a vergaangene Laureate vun dësem Präis.
De Claude Faber huet bei der Presidentin vun der Schengen Peace Foundation, der Vicky Hansen, nogefrot, wie bei dësem Webinar ze héieren ass, a wéi eng Organisatioun dohannert stécht.