arrow_back_ios
Aktuelles
Accouchéieren a Corona-Zäiten
Wéinst dem Coronavirus huet vill geännert: Och an de Maternitée ginn et wärend der Corona-Pandemie besonnesch Sécherheetsmesuren. An Agank gëtt en direkten Triage gemaach, a fir Covid-19-Patientinnen, déi accouchéieren, gëtt et eng komplett ofgetrennte Filière. Obwuel et keng national Recommandatioune ginn, ginn et Gemeinsamkeeten tëschent de Spideeler. An der Fro, ob d'Fra beim Accouchement eng Mask muss undoen, ginn et awer Ënnerscheeder. E Bäitrag vum Isabel Scott.