Aktuelles
D'Grondschoul wéi nach ni virdrun
D'Grondschoul huet gëschter hir Dieren no zéng Woche Confinement nees opgemaach. Wochelaang ass an de Gemenge geschafft gi fir déi sanitär Reegelen och an de Schoulen ëmzesetzen. 52 Prozent vun de ronn 52.000 Kanner si just fir d'Léierwoch mueres an der Schoul. 42 Prozent si mueres an de sougenannten Études surveillées ageschriwwen. Ronn 30 Prozent sinn och nomëttes an der Betreiung.
Gëschter war den Educatiounsminister Claude Meisch zu Diddeleng d'Grondschoul Ribeschpont besichen. Déi 156 Schüler aus den néng Klasse goufen an zwou Gruppen opgedeelt. D'Carole Schimmer war bei der Visitt derbäi.