Aktuelles
Luxeosys - virum Chamber-Vott gewosst, datt Budget net duergéing
6 min
Luxeosys heescht de Satellitteprojet fir Äerdobservatioun, deen den Etienne Schneider als Verteidegungsminister séier virun de leschte Walen duerch d'Chamber bruecht hat. E sollt 170 Milliounen Euro kaschten, de Bau vum Ekipement an de Fonctionement fir zéng Joer mat agerechent, gouf der Chamber beim Vott am Juli 2018 gesot. Dat wier e Maximum, gouf deemools betount.
De Projet gëtt awer op d'mannst duebel esou deier. Fir erauszefannen, ob der Chamber deemools bewosst Informatioune virenthale goufen, hätt se hir eege Moyenen, seet de haitege Verteidegungsminister François Bausch, dat wier net un him ze jugéieren. Ob de Projet weidergeféiert gëtt, ass fir hien nach eng oppen Fro, wéi hien am Interview mam Michèle Sinner sot.