Aktuelles
Vëlos-Natioun Lëtzebuerg?
5 min
Zanter der Aktioun Doheem bleiwen an de strenge Corona-Mesurë klamme vill méi Leit op de Vëlo. A ville grousse Stied wéi Berlin, Paräis, Bréissel, Mailand oder New York kënnt et mëttlerweil zu Staugefoer wéinst ze vill Vëloen op der Strooss. An zu Lëtzebuerg?
Wa méi Beweegung op der Strooss ass, bedeit dat och méi Gefor, an an deem Kontext fuerdert d'Lëtzebuerger Vëlos Initiativ (LVI) vun der Politik méi sécher Infrastrukturen.
Vëlosweeër a Piste mussen deem och Rechnung droen, wann ëmmer méi Leit de Vëlo als ëffentlechen Transport notzen, a mir vläicht jo zu enger Vëlos-Natioun eropwuessen. D'Lëtzebuerger Vëlos Initiativ LVI probéiert mat hiren 1.500 Memberen domadder och Touristen aus dem Ausland an d'Land ze lackelen. Detailer Angie Maquil.