Aktuelles
Weltdag vun de Beien
De Weltbeiendag gouf eréischt virun dräi Joer am Kader vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen vu Slowenie virgeschloen. Net zulescht, well um 20. Mee 1734 e groussen, wann net dee gréisste Pionéier vun der moderner Imkerei, de sloweneschen Haff-Imkermeeschter Anton Jansch, gebuer gouf. De Jen-Paul Beck, President vun de Lëtzebuerger Imker, weist sech op dësem Dag dann och ganz zefridden, wat d'Bestänn vun den Hausbeien hei zu Lëtzebuerg ugeet. Dat war an de leschte Joren awer net ëmmer de Fall. Detailer Claude Faber