arrow_back_ios
Aktuelles
D'Corona-Kris als Chance fir eng aktiv Mobilitéit
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Boom op d'Vëloen: A ville Länner ass dat aktuell de Fall a Vëlosgeschäfter, déi hir Clienten net meeschter ginn, gëtt et och bei eis.
Ëmmer méi Leit klammen an dëse Krisenzäiten op de Vëlo, sief et fir de Sport, well si elo einfach Zäit hunn, dat ze maachen oder well si de Vëlo notzen fir op d'Aarbecht. Dowéinst huet d'Vëlos-Initiativ LVI Enn Abrëll e Presse-Communiqué erausgeschéckt mat konkrete Fuerderungen.