Mat den éischte Lockerunge vum Confinement hunn iwwer de Weekend och eng Rei Lëtzebuerger Campingen hir Aktivitéit erëm lancéiert. Déi meescht hunn an de leschte Wochen noutgedronge missten zoumaachen, well keng Gäscht méi komm sinn. Mëttlerweil wieren erëm éischt Reservatioune vu Clienten erakomm - mee nach ass net alles wéi virun der Kris: Restauranten, Piscinnen a Spillplaze musse bis op Weideres nach zou bleiwen an och op de Campinge gëllen déi nämmlecht Sécherheetsmesurë wéi op anere Plazen am Land. D'Rahel Könen huet mat enge Rei Betraffenen iwwer d'Reprise vun de Campinge geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Vakanz Doheem? Lëtzebuerger Campinge maachen hire Comeback
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
