arrow_back_ios
Aktuelles
Keng Schueberfouer, keng Geschäfter!
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Och d'Schueberfouer ass viru Kuerzem elo offiziell fir dëst Joer ofgesot ginn. Vill Kanner, mee och vill Erwuessener si bestëmmt traureg iwwer dës Decisioun. Déi Lëtzebuerger Foraine waren net nëmmen traureg doriwwer, mee stelle sech bis haut nach vill Froen iwwer hir Zukunft. Eng Entrevue mam Minister Lex Delles steet nach aus. De President vun der Lëtzebuerger Forainsfederatioun, de Charel Hary, seet awer, datt d'Gesondheet vun de Leit op alle Fall muss virgoen. Detailer Claude Faber.