Kultur
Dräi Victoirë beim ESC
Haut sollt am Fong déi grouss Final vum Eurovision Song Contest zu Rotterdam sinn. Mee duerch déi aktuell Situatioun wéinst der Coronavirus-Pandemie gouf den ESC 2020 annuléiert. Wa mer haut net aktuell kënnen iwwer den ESC oder de Grand Prix d'Eurovision de la Chanson, wéi e fréier geheescht, schwätzen, da bliedere mer einfach an der Geschicht vum ESC. Mer bleiwen an Holland, wou d'Final vum ESC am Ganze véier Mol scho war, an déi leschte Kéier war dat 1980 zu Den Haag. Gewonne gouf den ESC deemools vun engem Kënschtler, dee ee mat Recht Mister Grand Prix oder Mister ESC kann nennen, den iresche Sänger Johnny Logan. Viru 40 Joer huet seng aussergewéinlech ESC-Karriär ugefaangen. De Horst Senker mat den Detailer