Commentaire
Den Ausnamezoustand ass esou lues eriwwer
Mëtt Mäerz, wéi de Virus ugefaangen huet sech séier zu Lëtzebuerg auszebreeden, gouf et e Ruck. D'Dräierkoalitioun aus DP, LSAP a Gréng stoung no décken Diskussiounen ëm Wunnengsbau, Klimaplang an dem Récktrëtt vum Vize-Premier Etienne Schneider nees geschlossen do. D'Quereinsteigerin Paulette Lenert huet souverän d'Handbrems ugezunn. Mee elo, wou et drëms geet fir de gesellschaftleche a wirtschaftleche Motor nees unzewerfen, kommen déi al Divisiounen nees op. An déi aner Regierungsmembere wëllen net méi am Schied vun der Gesondheetsministerin stoen, mengt d'Michèle Sinner a senger Chronik.