Aktuelles
Gebuertsstonn vun der RAF
Haut viru genee 50 Joer, de 14. Mee 1970 huet e Grupp Leit, ënner hinnen d'Gudrun Ensslin an d'Ulrike Meinhof, de Prisonéier Andreas Baader aus dem däitschen Zentralinstitut fir sozial Froe liberéiert. Den Andreas Baader war an deem Institut fir Recherchen ze maachen. D'Liberatioun vum Baader op deem Dag gëllt och als Gebuertsstonn vun der RAF, d'Rote Armee Fraktioun an domat verbonnen och joerzéngtelaange lénks-politeschen Terrorismus an Däitschland. De 14. Mee 1970, en Dag, deen Däitschland dach verännert huet. De Jean Claude Majerus erënnert.