Aktuelles
Déi Äishelleg
Mamertus, Pankratius, Servatius, Bonifatius, an d'Sophie hunn och dëst Joer kal Deeg bruecht. Ware si bis viru Joerzéngte feste Bestanddeel am Kalenner vu Gäertner a Wënzer, sou gouf hir Bedeitung am Ubau vu Geméis- an Uebstkulture vun der Wëssenschaft dacks ugezweiwelt.
Dës meteorologesch Singularitéit huet effektiv an de leschte Joerzéngten u Reegelméissegkeet verluer, mee dës Joer waren et effektiv nees spierbar méi kal Loftmassen, déi vum 11. Mee un eis Breedegraden erreecht hunn.
Firwat awer net méi all Joer op den Äishellegen och wierklech Keelt kënnt, huet d'Nathalie Bender an engem Dokument vum Deutschen Wetterdienst nogelies.