arrow_back_ios
Aktuelles
Chômage an Zäite vun der Corona-Kris
Am Mount Mäerz gouf et hei am Land wéinst der Covid-19-Kris bal 25 Prozent méi Demandeurs d'emploie, wéi nach am Joer virdrun. Mee wat mécht ee wärend Pandemie-Zäiten, wann ee keng Aarbecht huet oder no Aarbecht sicht? Wat geschitt mat Leit, déi schonn amgaang waren eng Formatioun ze maachen? A wéi ginn Demandeurs d'emploie wärend der Kris weider encadréiert? Äntwerten dorop an engem Reportage vum Rahel Könen.