Aktuelles
Vun der Mitigatioun an dem Containment
De strikte Confinement vun de leschte Wochen huet gehollef, Dausenden Doudeger ze verhënneren. Do si sech d'Fuerscher vun der Covid-19-Task-Force eens. Ouni Lockdown wieren Dausende Leit gestuerwen, bis elo leit de Bilan awer bei 98 Doudeger. Wéi awer a wéini kënnt een aus dem Confinement nees eraus, fir erëm e soziaalt an ekonomescht Liewen ze erlaben? Dofir proposéieren d'Fuerscher d'Populatioun an d'Frontalieren a Kontigenten anzedeelen a groussflächeg duerchzetesten. D'Michèle Sinner mat den Detailer vun de sougenannte Cluster-Prevalenz-Tester.